Liesung mam Marc Weydert

Liesung mam Marc Weydert

Literatur däerf natierlech bei engem Konschtfest net feelen. A natierlech soll eppes dobäi sinn fir déi Grouss an déi Kleng. Beim Marc Weydert ginn et vertruddelt Geschichten déi eis a Versform, mat enger gesonder Portioun Humor an enger Rëtsch vläicht an de Vergiess gerodene Lëtzebuerger Ausdréck mathuelen an d’Welt vum Märchen, der Fabel an der Seechen. Mä passt op, dës Kéier kéint de Schluss aneschters sinn ewéi gewinnt - well wat wär wa mir de Wollef emol zu Wuert géinge komme loossen ?

La littérature doit bien évidemment aussi avoir une place sur un festival d'art. Et évidemment il doit y avoir quelque chose pour les grands et les petits. Avec Marc Weydert, ce sont des histoires tordues qui nous emmènent dans l'univers des contes de fées, récits et fables.  Sous forme de vers, avec une bonne dose d'humour et un tas d'expressions luxembourgeoises oubliées. Mais attention, cette fois, la fin pourrait être différente que d'habitude - car que se passerait-il si pour changer nous laissions le loup avoir son mot à dire ?